D’ Virstellung vun engem onbegrenzte materielle Fortschrëtt ass de “Bon Mot” vum ökologesche Liberalismus. Deemno ka jidder Mënsch lafend ëmmer méi Energië, Wueren an Déngschtleeschtungen erhalen. Méi oder wéineger ass dat och d’ Leitlinne vun der Lëtzebuerger Regierung souwéi d’ Motto vu ville westlechen Länner mat dem Tenor, dass d’ Wirtschaft ee staarkt Wuesstem brauch ëm iwwerhaapt existéieren ze kënnen.

Dat “ëmmer méi, ëmmer gréisser, ëmmer schneller” huet paradigmatesche Stellewäert kritt. Vill Warnunge ginn nach ëmmer ignoréiert. Et gëtt weiderhin “Vergeudungswirtschaft” bedriwwen.

De Revers vun dëser Medaile sinn iwwerfëllten Uertschaften, iwwerfëllte Stied, verstoppte Stroossen, Zoubetonéiere vu Landschaft, brutaalt Ofholze vu Bëscher.

D’ Kritesch Ëmweltbelaaschtung weist däitlech déi real Grenzen hei zu Lëtzebuerg op. Et muss ee sech rechtzäiteg doriwwer kloer ginn, dass an engem begrenzte Raum, wéi et an enger Biosphär nu eemol ass, onbegrenzt quantitativ Wuesstem einfach net méiglech ass.

Et ass och falsch ze mengen, d’ Wuesstemsfunktioun wär e Mëttel vun der sozialer Konflikt Léisung.

Et ass héich Zäit, dass eist Land ëmdenkt an zu enger néier Weis vu Produktioun kennt, soss verschwannen och déi lescht Flecken u fräier Natur hei zu Lëtzebuerg. Mir musse wëssen dass d’ Folge vun ongebremsten Emissioune liewensgeféierlech sinn. Mir sollten eis zur Qualitéit, zu echte Wäerter orientéieren. Eng de Grenzen ugepasste Liewensweis ass batter noutwendeg.