Author: Marc Thoma

Nol Emissioun 8 Juni

An dëser Emissioun beliichte mir dat tragescht Schicksal vum viregte Vizepremier a Justizminister Braz den am Summer 2018 op der belscher Côte e schlëmmen Häerzinfarkt krut. Zanterhier ass Näischt méi ewéi virdrun, de Felix Braz fillt sech vu senger eegener Partei, de Gréngen, onfair behandelt an de Dossier ass elo op enger juristescher Schinn gelant. Mir hunn d’Famill Braz doheem besicht

Dann kucke mer eis de Projet Monorail un, eng net oninteressant Alternativ zum Tram an den de Virdeel hätt dass net esou vill Natur misst zerstéiert ginn.

An engem éischten Deel aus eiser Oekoserie, kucke mer eis zesumme mam Nol an Natur Expert Jeannot Weber den Zoustand vun der Biodiversitéit zu Lëtzebuerg un.

An dëser Emissioun gedenke mir awer och un den Historiker a Buerg Expert John Zimmer den ons leider dëst Joer am Abrëll verlooss huet.

Feelen däerf an enger lëtzebuergescher Sendung natierlech och net d’Lëtzebuerger Sprooch: „Wou kënnt eis Sprooch hier?“ Dës an aner Froe beäntwert eis de bekannte Sproochspezialist

Weiderliesen

Spenden – Digicash

Wann Dir eis Aarbecht flott an interessant fannt, kënnt Dir eis gäre finanziell ënnerstëtzen:

spenden

NOL MEDIA
BCEE LU67 0019 5955 1415 7000

Spenden – Digicash

Wann Dir eis Aarbecht flott an interessant fannt, kënnt Dir eis gäre finanziell ënnerstëtzen:


NOL MEDIA
BCEE LU67 0019 5955 1415 7000