Decisioun vun der Nationaler Dateschutz Kommissioun 

Wann d’ Léit dat Wouert Iwwerwaachung héieren da mengen déi mëscht vun hinnen, Justiz géif nëmmen vu schwéier Kriminellen oder Terroristen schwätzenDen Driff, sech un deene Léit hier Vergaangenheet ze klammeren, ass wuel berechtegt. Domat ass wuel all Mënsch dee net kriminell oder en Terrorist ass averstanenA ville Fäll ass awer onkloer, wéi d’ Verwaltung préiwen däerf, ob eng Persoun schonns strofrechtlech opfälleg ginn ass oder net. Debatten iwwert de „Casier bis“ an d’ Justiz Datebank „Jucha“ hunn dorop higewisen 

D’ „Casier bis“-Affaire war ugestouss ginn duerch e Mann, deen 2018  bei engem Virstellungsgespréich vum Parquet général mat enger Kläpperei vun 2014 konfrontéiert gouf. D’ Poursuitten waren deemools fale gelooss ginn. Den deemools 27 Joer ale Lëtzebuerger, vu belschen-iraneschen Elteren, hat am September 2018 eng Aarbecht als Référendaire-Bibliothécaire am Justiz Bezierk ugefrot. Hien krut den Job net. 

De betreffende Mann, de Maître Valentin Fürst, deen e Master am ëffentleche Recht huet an haut an der Etude Gaston Vogel als “avocat stagière” schafft hat sech säin Job interview bei der Justiz ganz anescht virgestallt. Um Enn vum Interview gouf hie gefrot ob hien schonns eppes mat der Justiz ze dinn gehat hätt. De Valentin Fürst seet nee bis hie gesot kritt, dass do awer méi wär. Et géif do em eng Affaire vun “coups et blessures volontaires” vun 2014 goen. Erausgestallt huet sech awer dass de Valentin Fürst fir déi Fakten ni verurteelt ginn ass. Well hien awer den Job net kritt huet, beschwéiert den haut 29 Joer alen Affekot sech doropshin bei der zoustänneger “Commission Nationale pour la protection des données” (CNPD) “D’ Gesetz iwwer den Dateschutz gouf verletzt”, seet de Maître Fürst. De jonke Mann stellt déi berechtegt Fro “Wéi ass et méiglech datt de Parquet général Zougang zu mengen Daten hat? ” Decisioun dass hien déi Plaz net krut wär eng Frechheet an och widderspréchlech well hie jo ni verurteelt gouf. 

E Freideg, de 9. Juni 2021 koum d’ Äntwert vun der KommissiounAn déi huet an der Affaire eestëmmeg decidéiert, dass de Parquet général géint den Artikel 5, Paragraf 1, Buschtawen a), b) an c), 6 a 14 vuRÈGLEMENT GÉNÉRAL SUR LA PROTECTION DES DONNÉES (RGPD) verstouss huet. Kommissioun vum Dateschutz schwätzt e Verbuet géint de Parquet général aus, d’ JU-CHA Datebank beim Rekrutéieren vun engem Staatsbeamten an der Justiz Administratioun ze consultéieren. Bis eng gesetzlech Bestëmmung kennt muss dëst Verbuet fir de Parquet général gëlled’ Donnéeën an der JU-CHA Datebank ze konsultéieren an ze benotzen.  

CNPD ordonéiert dem Parquet général bannent engem Mount nom Empfang vun dëser Entscheedung déi perséinlech Daten vun all deene Léit aus der JU-CHA Datebank ze läschen déi e Posten als Staatsbeamten postuléiert hunn.
casierbis1