Verwurelt – dat war mäin éischte Gedanken wéi ech dat Déngen gesinn hunn. An den zweete Gedanke war: Medusa. Dat do gesäit aus wéi e Gorgonekapp.

Mat der Pointe, datt dat hei Bëtong ass, steenhard, an d’Schlaangen, déi ronderem de Kapp tierkelen, dräi Schlaangen, déi sinn aus Stol, mä déi Staange si gebéit, verbéit, verdréit, verbruert. Béton armé, e ganze Programm. Wat hei speziell ass, dat ass, datt de Medusekapp net méi lieweg ass, mä selwer verstängert, verbëtongt, an d’Schlaangen, déi sinn net méi grujeleg a verstängeren deen, dee se gesäit, mä se sinn selwer steif esou wéi de Kapp, deen e Stack ass. Wéi wann déi ganz Energie vun der Medusa, déi jo no baussen gaang ass a verstängert huet, wéi wann déi Energie no banne gaang wier, géingt sech selwer an do verhärt wier.

D’Platz: dat ass iwwer dem Uelzecht-Dall, iwwer Heeschdrëff, den Hiwwel heescht Faulsang, d’Raschpëtzer sinn an der Noperschaft, d’Autobunn ass nobei, ënnen an enger Villa huet emol e Grand-Duc-héritier gelieft. De Betongsstack mat de stole Staangen läit ënner engem Pylôn, an de Blieder am Bësch.

Hei steet also erem e Pylôn. D‘ Bommeleeër hu sei  Virgänger  gesprengt, den 30. November 1985,  um 12 Auer 48 mëttes. Et luch Schnéi, Foußspueren vun de Bommeleeër si fonnt a fotograféiert ginn.

A wann een haut do uewen um Bierg iwwer der Uelzecht ass, wou dee neie Pylôn exponéiert steet, da gesäit een eben, datt do iwwerall nach Bëtongsstécker leien, konkret Reschter vun engem Attentat. An eben och dat, wat un e Medusekapp erënnert.

 Et war dat – soe mer – 17. Attentat aus der Bommeleeër-Serie an et war e besonnescht, well et Samsdes matzen am Dag war. An et war och dowéinst besonnesch, well den Holzhändler Giwer am Bommeleeër-Prozess ausgesot huet, hien hätt d’Attentäter gesinn, wéi se no hiere Sprengpreparatiffen erof op Eech fure wollten. Si waren an zwee Autoëen ënnerwee op engem Bëschwee um Dummeldénger-Bierg, an der Noperschaft vum engem anere gesprengte Pylôn. An den entretemps verstuerwenen Zeien hat mam décke Fanger op d’Ugekloten gewisen.

Décorwiessel: D’Attentats-Serie huet net do ugefaang, mä och do ass nach vill ze gesinn, am Ëisleck zu Bourschend am Bësch ënner der Buerg, wou am Hank dee flappege Chalet stung, dee gesprengt ginn ass, am Abrël 1985. D‘ Bommeleeër haten do nach eng Kéier trainéiert, villzevill Luxite benotzt a wéi et do nuets um 11 Auer geknuppt huet, ass alles hot an har geflunn. Guer net alles ass geraumt ginn. Dowéinst leien haut nach ganz Bléck vum Chalet dorëmmer, se sinn mat Moos iwwerwuchert. Et leien och nach Zillen do, manner iwwerwueß well méi hart. Am Rampli am Bësch leit och de raschtege stole Kader vun enger Chalets-Fënster, ewechgesprengt, leie geloss. An – absurd – et steet do tëschent de Beem nach eng Betongsgaardepaart; déi geseit aus, wéi wann een zwee Betonspilieeën vun engem Militärzonk géingtenee gesteipt hätt an esou eng Dier gebaut hätt, eng schwéier Paart, déi enéierens méi hifeiert, just weist: hei ass d’Platz, wou eng  Dikkrecher Famill e Weekend-Chalet hat, deen se grad un de Staat verkaaft hat, dee gesprengt ginn ass – wien wosst, datt dee Chalet verkaaft war? Dat ass eng Fro, déi direkt  bei d’Bommeleeër féiert, wa se gestallt a beäntwert gëtt.

Den Dossier ass wéi et schéngt weider an der Maach; nieft den 2 Ugekloten aus dem éischte Prozess wësse wuel nach e Grappvoll fréier Gendarme méi wéi se je zouginn hunn a si bei de juge d’instruction getrëppelt.

D‘ Medusa – si ass jo eng vin den 3 Moundgöttinnen; hiere Numm bedeit „déi Hannerhälteg“; an der Medusas-Geschicht geet et och drëms, datt déi al deischter, chtonesch Croyancen duerch eng nei, hell Zort männlech Götter ersat ginn – d‘ Moundgöttin gëtt vum Helios ofgeléist, et kéim an der jonker neier Männerwelt méi Sonn, méi Luucht an d‘Welt.

Opklärung, Lumières, dat huet  –  bis ewell och an der Bommeleeër-Geschicht – nëmmen zum Deel geklappt.

Et gëtt jo Leit déi behapten, déi knuppeg Serie wier eben eng aal Seechen, déi kee Mënsch méi versteet, e Lëtzebuerger Mythos quoi, deen an de Musée gehéiert. Quitte datt och e gekäppte Medusekapp eppes geféierleches ass. Egal, d‘ Suggestioun ass gutt: eben fir ze weisen, datt d’Attentater real waren, kéint een d´Beweisstécker, deí nach an der Natur dorëmmer leien, asammele goen an se – wéint menger – am Musée um Fëschmart ausstellen, Betongsstécker, verbéite Stol, d’ Chalets-Fënster, alles Hardware, Upakes-Reschter vun den Attentater. A vun engem verwurelten a verstengerte Prozess.