Esou eppes fënnt ee normalerweis am hënneschte Keller oder um iewerschte Späicher. Et leit e bësse verstoppt déif ënnen an enger Këscht oder hannert engem zolitte Schaaf. A bé, dat hei hei war wuel net verstoppt mee vertesselt oder verbraucht ginn. An et war net dem Ur-Bop sein Mein Kampf, dee vergieß gi war ewechgeheit ze ginn.

Mir hunn zu Hamburg en Haus renovéiert. A wéi den Dach ofgedeckt an e pur Maueren opgeklappt gi waren, stung op eemol en Arbéchter viru menger Fra a sot, dat hei hätt hien fonnt an der Dämmung vum Dach: et war en dreckegt Exemplair vun der Funk-Wacht, Verlag Heinrich Bauer Hamburg (deen et lang gouf: Quick, Neue Post, Kicker, twen, Bravo. etc). an déi stëbseg vergielsten Zeidung huet den Ennertitel Illustrierte deutsche und Europa-Programme, eppes wéi e präiseschen Telécran fir de Radio, op dësem Datum: ZUM 1. Mai 1935 steet op der Couverture an ofgemolt (hätt d’Groußmamm gesot) ass en JUNGER DEUTSCHER ARBEITER, deen e schwéieren Hummer iwwer der rietser Schëller dréit, e Prolet quoi, mä där spezieller Arier-Arbéchter een, wéi d’Leni Riefenstahl se fotograféiert an den Arno Breker se skulptéiert huet, muskulös, couragéiert, e kuckt an eng gëlle brong Zukunft. Well mir sinn erréischt am Joer 1935, dat Bescht is yet to come.

An da bliederen ech duerch déi brëcheg al Radios-Zeidung a stoußen op en Artikel, deen heescht Seltsame Wellenphänomene, denke mer näischt bis ech de sous-titre liesen: Systematische Beobachtung des Luxemburg-Effekts. Lëtzebuerger Effet, den 1. Mee 1935 an enger präisescher Programm-Revue. Séier den Artikel iwwerflunn: et geet drëms, datt et e sougenannten Wechelswirkungs-Effekt giff ginn, datt een op Laangwellen den agestallte Sender héiert an awer och en zweeten, dee kräfteg stéiert, mat. Lauschtert ee Wien, housch et, héiert ee Prag mat. A Luxemburg-Effekt gouf dat genannt well et ugangs der 30er Joer fir d’éischt opgetrueden ass an zwar wéi de neie Radio Luxemburg op Laangwellen heiandsdo am Background, am Hannergrond vum schwäizer Radio Beromünster ze héieren war. An dat obschonns déi zwee Senderen op verschidde Frequenzen anzestelle waren. Nu jee, zevill verstinn ech dovunner net: de Problem wier nämlech eng ionosphärische Kreuzmodulation, whatever dat ass. Egal, esou hätte mir Lëzebuerger dat gär: datt mer iwwerall op der Welt bis an d’Ionosphär e bëssen – oh, net ze haart – matschwätzen, datt een eis héiert, well och mir mengen, mir hätten eppes Wichteges ze diffuséieren. Luxemburg-Effekt – hm, dat war deemols e bëssen eppes wéi haut Openlux, Und ewig stört Luxemburg, giff d’Süddeutsche wuel schreiwen, minus Stäierdumping, plus Gedäisch a mat néideger systematischer Beobachtung.

Paranthèse: Radio Luxemburg ass 1924 an der Rue Beaumont Nr. 28 gegrënnt ginn, vun den Anen brothers (schreift den RTL Group), radio-géckeg Bridder, déi aus dem Lëtzebuerger Nichts d´Mediewelt verännert hunn. An esou

niewebäi spéider de Luxemburg-Effekt an d’Welt bruecht hunn: fröhliche Wellen, d´Garage zu Bartréng, Hei Elei, Kierchbierg, RTL zu Köln, RTL zu Berlin, d´Arroganz vun de roude Microën (DP-Zitat), meng éige Beruffs-Biografie. (A propos: net genuch domat, Biografie tout court: D‘ Anen-Brothers haten en technesche Successeur an engem ganz aneren Domain, eppes wat haut ze soe verschwonnen ass, an der Fotografie, of course der aler analoger Fotografie. Am Haus, wou Radio Luxemburg um Späicher gegrënnt gi war, hat ee vun den Enkelen vun den Anen Brothers spéider e Fotos-Buttek an dat nach an de 70er Joer. Ech weess dat, well wéint engem biografeschen Zoufall – eng Frëndschaft teschent zwou Fraen: déi eng huet bei den Anens geschafft, déi aner war meng Mamm – duerch deen Hasard huet mei Papp seng Fotoapparaten gär an der Beaumonts-Gaass kaft a seng Filmer do entwéckele geloss. A wéi deen seng Apparater u mech weiderginn huet – deen éischte war eng Agfa Isolette, Negativformat 6×6, cm w.e.g. – hunn och ech d’Filmer bei Anens entwéckele geloss. A mech gewonnert, watfer miserabel Fotoen ech gemat hunn wann ech se bis an der Hand hat an aus dem Buttek erauskomm sinn, aus deem Haus also, wou de Lëtzebuerger Radio entstan war.)

Déi präisesch Radios-Revue aus dem hamburger Daachgebälk schreift, de Luxemburg Effet giff elo iwwerwaacht an erfuerscht an opgeklärt ginn. 1. Mai 1935. Do ass et dann den Datum, deen derfir suergt, datt ech déi verdreckten pur Säiten weider duerchbliederen. An erféieren. Wat ass een im Nachhinein esou

schlau, mä wéi däitlech war dat, wat 1935 scho geschriwwen, fotograféiert an diffuséiert ginn ass.

Ugefaang mat der Nazi-Ästhetik, also mam JUNGER DEUTSCHER ARBEITER um Cover, a bannen an der Funk-Wacht gëtt een da gewuer, datt d´Nazi-Propagandastin Leni Riefenstahl den 28.4. am Deutschlandsender in einem zwanglosen Gespräch am Mikrophon iwwer hiert Wierk an och welche Kämpfe sie sie mit ihrer Umwelt durchfechten mußte erziele giff.

Den 1. Mee gëtt och thematiséiert. Am Artikel ginn déi lënks Demonstranten vun deemols . vu virun der Machtergreifung, ridiculiséiert an et marschéieren, déi jonk blond Männner duerch d’Brandenburger Tor mat force Hakekräizer um Arm an um Fändel. Op enger Foto sinn 6 Trommen ze gesinn, déi um Buedem läien a ronderem an op hinnen stolen Helmer, jojo 1935, an den Text zum Bild ass dësen: Die SS-Kapelle macht Pause – Stahlhelme und Trommeln bieten ein lustiges Stilleben

Zeitung

Am Hannergron stinn Männerbeen a schwarze Stiwwelen. Déi verréideresch Kombinatioun Militär-plus-angeblech-Friddleches fënnt een dann erem an engem Artikel wou – muss sinn an der Funk-Wacht – de Radio gefeiert gëtt an zwar als Waffe des Friedens: Wie wir dem Frieden dienen! Der Rundfunk als geistige Rüstungszentrale der Nation , ëmmer deeselwechte Schema: Fridden behapten a mat Militär an SS a Rüstung de Krich preparéieren. 1935. Wou och schonn däitlech gesot gëtt, wéi wichtig de Radio fir d´Nazi-Propaganda sollt ginn. An d’Leit, déi wéißte nach net genuch iwwer d’Spezifizitéiten vum Radio; duefir ginn si opgeklärt: mat eppes wat Funk-musikalisches ABC housch, 26. Fortsetzung, haut vu Pupinisierung iwwer Quartett zu Reichsmusikkammer. Enner dem Buchstaw R, de spezielle Lexikonsartikel: Rasse

lexikonartikel Rasse

Die gegenwärtige und zukünftige Musikforschung – fantastesche Jargon, ne, dee riitewech an d’KZ geféiert huet.

Nieft aller Nazi-Propaganda ass d’Funk-Wacht och eng soi-disant normal Programm-Zeitschrëft gewierscht, déi eben all méiglech Radiosprogrammer vun alle méigleche Sender bruecht huet. Dat geet queesch duerch ganz Däitschland mat Sender vu Berlin bis Stuttgart awer och duerch ganz Europa vun Dänemark bis Ungarn an tëschent Litauen a Norwegen steet: Luxemburg. Dat liest sech esou:

Zeitung2

Spannend ass natierlech, datt Luxemburg schon deemols  eng Presse-Rundschau op Franséisch bruecht huet, an datt et Nochrichten op däitsch an op Franséisch gouf, de montere mediale Mix wéi mer en haut och hunn.

Bei eis doheem an der Famill muss vill Radio gelauschtert gi sinn. Well ënner Luxemburg stoussen ech op e  Numm, deen ech irjendwéi kennen: um 12.00 Auer den 3. Mai 1935 soll do den Henri Pensis den Unterhaltungskonz. d. Funkorch. dirigéieren. Den Henri Pensis, vun deem ech neischt weeß, mä de Numm, dee sëtzt mer awer am Kapp, ech hu wuel honnert Mol op Kanal 18 enregistréiert Musek vun him héieren an de 50er oder 60er Joer.

Virwëtzeg  ginn ech kucken, wien dee Mann da war a stoußen erem op  – décidément – deeselwechte Sujet: den Henri Pensis, liesen ech am Museks-Lexikon, wier nom Ufank vum Krich schonn Enn Februar1940 an den Exil an d’USA gaang an e wier nom Krich  erem an d’Land komm, Zitat aus dem Wort:

„Gestern Nachmittag (15.3.1946) ist der frühere musikalische Leiter unseres Senders, Hr. Henri Pensis, aus Amerika kommend, hier eingetroffen. Zu seiner Begrüßung hatten sich zahlreiche Freunde am Bahnhof eingefunden. Unser Landsmann, an dem äußerlich der Aufenthalt in Amerika auf den ersten Blick festzustellen ist, gab wiederholt seiner Freude Ausdruck, wieder in Luxemburg zu sein.“

Hien huet bis zu sengem Dout 1958 den RTL-Orchester dirigéiert.

Den Henri Pensis hat immens gutt Kontakter an Däitschland. Hien wosst ugangs 1940 wuel genee, wat kéim. An den Dirigent ass direkt an den Exil gaang. Interessante präisesch-Lëtzebuerger Effet. Wellenphänome.