D’ Sécherheet betrëfft den Eenzelen an och d‘Gemeinschaft. An eiser Gesellschaft gëtt ënner Sécherheet haaptsächlech déi militäresch verstanen. Wann een elo déi grouss Natioune kuckt wéi Amerika, Russland, China an e puer anerer, da bedeit dat esou vill Rüstung, dass mat Sécherheet keen e Krich riskéiere wëll:

Wann s du de Fridde wëllst, da bereet de Krich vir, heescht Spréchwuert.

D’ Resultater vun esou engem Denken si bescheiden, well bis elo si mir aus dem Krich féieren – als Mënschheet – net doriwwer eraus komm. Wann mer an dëser Hisiicht d’Geschicht ënnersichen, da fanne mir, dass aner Moossname meeschtens e besseren Effekt haten als opwendeg Ausgabe fir Rüstungen. D’ Rüstung lount sech awer op jidder Fall fir den Aktionär. Fir de Faktor Sécherheet kann dat ënner Ëmstänn esou guer schiedlech sinn.

Wéi misst den Eenzele liewen den Sécherheet zur Maxim vu sengem Handele mëscht? Dee misst jo awer am Prinzip ëmmer nëmmen doheem bleiwen, well all Verkéiersmëttel ass grondsätzlech e Sécherheetsrisiko. An dat ze Fous goe virun allem, Trapen erop goen, mam Lift fueren ass (oft verstoppt) mat Gefore verbonnen.

D’ Wunneng an de Büro missten natierlech Äerdbiewe sécher gebaut ginn. Selbstverständlech soll een déi Festung no Méiglechkeet net verloossen. All Wee ass riskant, och déi exotesch Vakanze Länner si mat indiskutabele Risike belaascht.

E grousst Probleem ass d’Ernierung. Do gëtt et jo keng Sécherheet dass de Produzent vu Liewensmëttel op Kriibs ureegend Substanze verzicht oder iwwerhaapt Gëftstoffer vermeit. Wat eng gesond Ernierung bedeit sinn Fachleit sech guer net eens. Do kann ee vum Total Vegetarier bis zum Fleesch Éisser all denkbar Variante fannen.

E weidert Probleem ass d’ Selbstverdeedegung. Waffen (Revolver), gutt dresséiert Hënn, an esou weider, stelle selwer erëm Sécherheetsrisiken duer. E Liewen tëschent Panzer Dieren, Coffre-fort, Alarmanlagen dierft sech mat Sécherheet vun engem Liewen am Prisong net vill ënnerscheeden.