Et ass net genau gewosst wéivillt Prozent Wunnflächen oder aner wéi d’ Verkéiers Flächen zu Lëtzebuerg de Moment versigelt sinn oder wäerte versigelt ginn. Dat heescht déi bebaut, betonéiert, asphaltéiert oder soss anzwousch befestegt sinn oder ginn.

Wat ass Buedem Versigelung?

Buedem Versigelung bedeit dass de Buedem Loft – a waasserdicht ofgedeckt gëtt, sou datt Reewaasser net ewech sickere kann oder nëmmen ënner schwierege Konditiounen. Och de Gas Austausch tëscht dem Buedem an der “Atmosphär” gëtt gehemmt. Bannent de Wunn – a Verkéiers Flächen ass en Deel vun de Bieden duerch Gebaier déi drop opgeriicht goufen, versigelt. Och Wisen sinn deelweis mat Bëton, Asphalt, Pavésteng befestegt an domat komplett oder deelweis versigelt. Domat ginn wichteg Buedem Funktiounen, besonnesch Waasser Permeabilitéit a Buedem Fruchtbarkeet, verluer.

Ëmwelt Impakt

Gett Versigelung iwwerdriwwen huet dat en direkten Impakt op de Waasser Haushalt: engersäits kann Reewaasser net esou gutt versickeren an d’ Reserven vu Grond – Waasser opfëllen; op der anerer Säit klemmt de Risiko dass et am Fall vu staarke Reen Fäll et zu lokalen Iwwerschwemmunge kënnt.

D’ Beispill ass net fiktiv

E klassescht Beispill zu Mamer ass d’ Plaz bäi der Mamer Baach laanscht d’ Areler Strooss wou am Moment archeologesch Fouillen stattfannen. Do ass de Site de 14. Juli vun der Mamer Baach komplett iwwerschwemmt ginn. Firwat? Et ass ganz einfach: Duerch Versigelung ronderëm. Op dem Site soll spéider gebaut ginn. Domat gëtt erëm eng Kéier e Bedarf u Wunnen op eng besonnesch Klima- an Ressourcen belaaschtend Weis erfëllt.

Still0720 00000 2

De Site archéologique virun der Iwwerschwemmung

Still0720 00001 3
Still0720 00025 4

No der Iwwerschwemmung

Mikroklima gëtt negativ beaflosst: versigelt Bieden kënne Waasser net verdonsten, dofir droen se och net dozou bäi d’ Loft am Summer ofzekillen. Kennt dobäi, dass versigelt Bieden fir Planzen net gëeegent sinn, Waasser kann net verdonsten. Et entsteet och kee Schied. Virun allem gëtt duerch Versigelung déi natierlech Fruchtbarkeet vum Bueden massiv behënnert. Wann de Buedem permanent vu Loft a Waasser ofgespaart gëtt, geet Fauna vum Bueden ze Grond.
Still0720 00010 5
Still0720 00014 6
Still0720 00018 7
Schliisslech ass d’ Buedem Versigelung schwéier ofzebauen a mat groussen finanziellen Këschten verbonnen. No dem Ofbau vun der Versigelung bleift déi natierlech Struktur vum Buedem gestéiert. Oft bleiwen Iwwerreschter vun Substanzen (wéi Bëtong oder Asphalt Stecker, Plastik oder verschidde Schued Stoffer) am Buedem. Eng nei Fauna entwéckelt sech nëmme iwwer länger Zäitraim. Natierlech Fruchtbarkeet vum Bueden gëtt verzögert a kann oft net an hier vireg Qualitéit restauréiert ginn.
Still0720 00022 8
Privat an ëffentlech Finanzéierung soll an Zukunft beim Bauen méi un de Schutz vum Klima a Ressourcen orientéiert ginn.