Déi aus dem Gutland waren nach ëmmer zwou Wochen viron deene Baueren aus dem Éisleck, an esou war et och an dem heite Joer. Eemol méi hate se am Rescht vom Land hirt Hee bei vill Sonn gutt erageholl an heiuewen stong nach alles. D‘Gras war nach net färdeg oder ausgewooss, wéi d’Bauere soen. An do fänkt et o mat reenen. Een Dag, zwee Deeg, dräi Deeg…. Dono ho si missen a Wochen zielen. Owes soutzen d’Männer beim UKW Radio Lëtzebuerg an honn, wann de Pol LEUCK mat den internationalen Norichte färdeg war, d’Wieder gelauschtert. Den Jean BRETON hot keng weesentlech Besserung fir déi nächst dräi Deeg an Aussicht gestallt. An da war d’Hoffung op eng Wiederbesserung alt nees ëm een Owend zréckgesaat.

 

Den Dag iwwer hon d’Männer hirt Leed aus dem Stall an d’Scheier gedroen, a von do aus ënnert de Schapp, wou d’Maschinnen drop gewaart honn fir an den Asaz ze kommen. Si ware scho laang prett, mä fir sécher ze sënn, gouf alt nach eng Kéier geschmiert a gekuckt ob beim Ophiewen vom Messer de Kliquet richteg aspréngt. Et goung och drëm fir d’Zäit doutzeschloen.

An dann hon si alt nees an den Himmel gekuckt ob net awer d’Luut géing opgoen. Um Mëttesdësch gouf kee Wuert méi geschwat, wat sollte si och soen. D’Bebby war alt frou, dass se sech net och nach wéinst dem Wieder an d’Hoer kruten. An nach eng Kéier hot de Misch seng Stiwwelen
erbäigeholl fir en Tour iwwert d’Gewaan ze maachen. Fir d’éischt gong hien op d’ “Schock“ wou zwee Hektar Feldfugder stongen. Do ass net allzevill Buedem an dofir hat et nach net zevill gelidden. Mee um „Kiemel“ wor den Hektar dräijährigen Kléi vom ville Reen plattgedréckt. A „Bréimeleck“ wor Misch am meesten bedréckt. An dëser Wiss laanst d’Clierf stong d’Wasser an de Sauerampel hot am Gras richteg duerchgedréckt. Et misst op d’manst mol dräi Deeg Sonn ginn ier ee mat enger Maschinn do könnt rafohren. An an der Wiss beim Duerf war et keng Fatz besser.

Fregdes schreift de Mätt am „Lëtzebuerger Bauer“, datt de Landwirtschaftsminister de Baueren am Éisleck eng finanziell Hëllef misst gin, soss wär deen doten Ausfall fir déi geploten Baueren net ze verkraften.
Nodeems eng Rëtsch Fraen aus dem Duerf beim Pënscher Paschtouer gebiedelt haten, hie soll fir d’Wieder ze änneren eng Houmass hale kommen, hot hien dat dann och gemat. D’Kierch war gutt besat, grad wéi d’Kirmes an och Allerhellgendag. Déi di nëmmen Ouschteren on d’Kommuniounsbänk koumen, honn deen Dag eng Ausnahm gemaach. No der Mass hot de Paschtouer an den Néckel nach e Rousekranz gebied. D’Männer, déi ee soss am Rousekranz net héieren hott, honn deen Dag den zweeten Deel vom Gesätz grad esou kräfteg iwwerholl wéi d’Fraleit virgebiet honn.

A Méindes moies ass d’Sonn iwer „Biirgall“ opgaangen an hot direkt richteg warem gedréckt. D’Quisselen an déi richteg Kierchegänger honn on dem Herrgott seng Hëllef gegleeft an déi aner Bauere waren der Meenung, dass den Zoufall ze spéit komm wier. Mä nujee, elo haten se zu Draufelt dräi Woche lang richtegt Heewieder a si honn nach dat Bescht draus gemaach.