Wéi ech de Moie kuerz virun aacht Auer meng Kanner an d’Schoul bruecht hunn, ass en Auto nieft dem Zeebrasträife stoe bliwwen an huet d’Fënster erofgedréint.

Ech hu mir geduecht, deen do wëll sécher nom Wee froen, mee ech sollt séier enges Bessere beléiert ginn. An engem zimlech aggresiven Toun huet de Mann mech opgefuerdert, ech sollt meng Mask direkt ausdoen. Firwat dann, hunn ech him geäntwert. Nach méi aggressiv huet et du geheescht, ech wier mat mengem Verhale verantwortlech dofir, datt dausende Kanner gequält géife ginn. Wéi ech him du geäntwert hunn, hie géif zimlech vill Blödsinn vu sech ginn, huet hie Kreesch gedo, hie géif elo direkt aus dem Auto kloteren an ech kréich der op d’Schnëss. Dat ass mir dunn awer ze bont ginn, ech si weidergaang an hunn de Mann einfach ignoréiert.

Ënnerwee fir heem hunn ech mir awer Froe gestallt. Firwat reagéieren d’Leit esou? Hu si es sat mat deene ganze Corona-Restriktiounen? Huet d’Informatiounspolitik vun eiser Regierung versot? Oder sinn et Leit, déi op déi Verschwörungstheorien, déi um Internet verbreet ginn, erafalen?

Scho virun zwee Deeg sinn ech op engem Duerffest déi ganzen Zäit ugeriet ginn, firwat ech meng Mask da géng ophalen, wou ech dach zweemol geimpft wier. Ech hat dat fir mech decidéiert, well immens vill Leit op deem Duerffest op engem Koup stoungen, ouni sozial Distanz, ouni Mask, amgaang Béier ze drénken.

Et ass net fir mech an och fir kee vun eis agreabel vu moies bis owes mat enger Mask ronderëm ze lafen, mee wann dat hëlleft, fir d’Corona-Pandemie an de Grëff ze kréien, da soen ech mir: Et gëtt Schlëmmeres. Mir lafen elo schon annerhalleft Joer mat Maske ronderëm a mir hunn eis jo scho bal dru gewinnt.

Ech hätt mat deem Mann, dee mech de Moie verbal aggresséiert huet, gären eng Diskussioun ugefaang, mee dee war esou opgedréint, datt guer net mat him ze schwätze war. Gär hätt ech him vun deem Meedche vun 28 Joer geschwat, dat ech perséinlech kannt hunn an dat am September d’lescht Joer hei am Land um Corona-Virus gestuerwen ass. Hatt war schwanger an de Puppelchen huet missten am sechste Schwangerschaftsmount aus sengem Bauch geholl ginn. Oder vun engem gudde Bekannten, dee mat 64 Joer um Corona gestuerwen ass an deen zwee Méint viru sengem Doud guer kee Kontakt mat sengen zwee Meedercher duerft hunn. An där Beispiller kéint ech der nach ganz vill er opzielen.

Vläicht wier et och duergaang, wann ech him erzielt hätt, wéi schrecklech komplizéiert et ass, wann eng Klass a Quarantaine gesat gëtt an d’Kanner am Homeschooling sinn.

Ech fir mäin Deel halen op jidde Fall d’Mask un wann ëmmer et néideg ass. An ech hoffen, datt mir iergendwann eng Kéier d’Liicht vum Tunnel gesinn an d’Corona-Pandemie nach just an de Geschichtsbicher erëm fannen.