Déi kleng Emissiounen EISES, déi mir elo all Woch hei op ärem NOL-Tv bréngen, hu mir an zwou Zorten agedeelt, an zwar eng illustréiert – mat Saachen, Gebräicher, Traditiounen, e bësse Geschicht, kleng Geschichten. Dann ass et ower och vläicht net onintressant, eng Rëtsch butzeg Gespréicher iwwer eis Sprooch ze bréngen, déi jo an de leschte 50 Joer e Spronk gemaach huet, dee keen hir zougetraut hat.

Wéi dat gaang ass? Wat virdru war? Wien sech drëm bekëmmert huet? Wéi et mam éischte geschriwwene Lëtzebuergesch gewiescht ass? Wien, wéi a wat geschriwwen huet oder nach schreift, dat brénge mir iech mat ganz einfache Beispiller. Ganz bewosst net ze laang; souzesoe kleng Mäifelcher, eng Zort ‚Schnittercher‘.

Natierlech gi mir äis e bësse mat der Schreifweis vum Lëtzebuergeschen of, mir betounen ower direkt, datt d‘Orthographie‘ zwar wichteg, ower net d’Haaptsaach fir eng Sprooch ass, sou wéi eng Rumm vun engem Tableau.

Dir huet ewell gemierkt, datt an de leschte 25 Joer méi Bicher op Lëtzebuergesch erauskomme wéi jeemools. Wéi dat war an sech entwéckelt huet, ass och en Thema an dëse puer-Minutte-Gespréicher.

Mir kommen och op déi ëffentlech an offiziell Roll vun eiser Sprooch ze schwätzen, well vun deem Zoustand, dee mir haut op dëse Gebitter kennen, hätt vru 50 Joer emol kee gedreemt. Nach eppes: Froen an Iddien Hu mir ganz gär.