Das Machtwort von Lydie Polfer – esou hunn d’Kollegen vu REPORTER.lu en Artikel iwwerschriwwen. Do kann ee liesen, datt d´stader Buergermeeschtesch a leschter Sekonn verhënnert huet, datt de Sujet Bommeleeër an enger Ausstellung vum stader Musée thematiséiert gëtt. Et ass ausgerechent eng Expo iwwer Verschwörungstheorien; GLEEF DAT NET…! heescht se.

D’Lydie Polfer huet hier Interventioun confirméiert.

E Commentair vum nico graf

 Ech war op zwou Platzen, op där enger almoudesch analog an op där anerer – et geet den Ament net anescht –  modern virtuel, am Netz. 

Am analogen Bësch war et fiicht a kaal an interessant, am digitale Musée vun der Stad Lëtzebuerg – nu je – méi a manner spannend.

Dat am Bësch koum esou: et sollt eng Ausstellung verbireet ginn, iwwer Verschwörungstheorien. Déi Ausstellung ass zu Dalheim (D) gewise ginn, sollt an de stader Musée kommen a sollt do e stacklëtzebuerger Volet kréien. A ganz evident huet sech d’Bommeleeër-Geschicht ugebueden, wat soen ech: opgedrängt. Do gouf et jo genuch Rumeuren, on-ditsën, Gerüchter, Verschwörungstheorien, all mateneen verknäppt. Net ze gleewen, wien déi Bommeleeër alles waren: si ware Studenten, si ware Baueren, ware kommunistesch belsch Terroristen, ware rosener aus der Cegedel, ware jeunes dorés vun hei, et waren der aus der Carrière, et war de falschen Adlegen, et war e Notärs-Clerc, de Ben ass op Radio Lëtzebuerg no sengem Alibi gefrot ginn, et war de Prënz, si koume vun der NATO. Et sollen  esou gesäit de Parquet et haut, esou wossten d’Gendarmen et vum Erpresser-Bréif am Juni ‘85 un – et solle forces de l’ordre, fréier Gendarmen gewierscht sinn. Méi wéi genuch Verschwörungstheorien fir eng ganz Ausstellung. Mat dem Charme, datt déi Rumeuren savamment vun interesséierter Säit um Liewe gehal gi sinn, besonnesch och vum verstuerwenen Haptverdächtegen, dem Gendarm Jos Steil, dee mat Grinsen a komesche Bemierkungen d’Gerüchter alimentéiert huet. A net zelescht de Singulier, de Bommeleeër, ass jo schon ëmmer eng bewoßt Irre ührung gewierscht. Genuch Matière also fir eng Expo iwwer e Passé, dee jo net ze veränneren ass, Prozess hin, Prozess hier. 

Nieft deenen hätt een aus de leschte 40 Joer och nach eppes iwwer de Monsieur Julien oder iwwer d’Joerhonnertaffair maache kënnen, mä d‘ Bommeleeër waren – theoretesch – de méi staarke Sujet. Ier d‘ Lydie koum. 

An domat erem an de Bësch. Zwee Männer hu gefilmt, een dervun war de Marc Thoma, ech hunn Interviewë gemat a fotograféiert an zwee Handwierker hu geschafft an et wor eng Curatrice vum staader Musée mat um Terrain, am Dezember 2019. Mir haten de Musées-Leit versprach, am Bësch Attentats-Reschter ze fannen. An déi waren do. Beim gesprengte Pylôn zu Heeschdreff war et eppes, wat ech Medusa-Kapp nennen, e Stack Betong mat verwurelte stolen Hoer an et gouf nach méi Betongsstécker. Si sinn an d’Musées-Camionett geschleeft ginn. Duerno si mer an d’Éisléck gefuer an hunn beim gesprengte Chalet zu Bourschend, am Hank ënner der Bourg, kéipweis futtis Betongsbléck gesinn an ee vun de Muséesarbéchter huet am Rampli awer och eng raschteg Rumm vun enger Chalets-Fënster fonnt. Déi Fënster an de Medusekapp an dat eent oder anert Stéck Betong sollten eng besonnesch Plaatz an der Verschwörungstheorie-Expo am Luxembourg City Museum kréien. Eben fir ze weisen, wéi concrete d‘ Attentater waren a wéi lëfteg d’Täter-Theorien – bescht lëtzebuerger Mythen, mat Upackes op festem Buedem, dat huet net jidfer Verschwörungstheorie. D’Aarbechter haten am Bësch vill ze wudderen, anzepacken an ze schleefen – ech gesinn se nach, wéi se am Éisleck Betong a Stol e Bëschwee biergop zéien. 

An dunn – neischt méi. D’Ausstellung ass irjendwinni opgaang, enéierens eng Bomm aus dem Joer 1985 oder Betong oder eng Fënster oder de Medusekapp oder Reportagen oder Zeitungsfotoën oder Artikelen oder Radios-Téin, nada, niente. Et muss elo alles an den Asservate vum Musée leien, Dier wësst schon, dat sinn Kasematten, wou Joerhonnerten duerno déi schéinste Saache fonnt ginn.  

Mä wat war geschitt? 

D’Lydie herself, housch et, hätt deen Deel vun der Expo polferiséiert. Ech war médusé, wéi ech dat héieren hunn, konnt et net gleewen. D´Buergermeeschtesch herself huet de REPORTER-Kollegen dat awer confirméiert. Mat ganz ganz dënnen Argumenter. Elo muss ee wëssen: Alles wier prett gewierscht, en extra Raum fir d’Bommeleeër-Verschwörungstheorien – de Gorgonekapp war do verplangt, dee sollt do illuminéiert stoen – Rumeure no, sollen esouguer schon d’Expos-Texter färdeg gewierscht sinn an och de ganze Mobiliar vun der Installatioun. Mä a leschter Sekonn wier d’Buergermeeschtesch aus der Box gesprongen, Panzrappecht fir d’Musées-Leit, do wier e Prozess am gaang, et wier eng abstrus Iddi sech do anzemëschen, schrecklech alles an et kéim guer net a Fro, an där Expo de Bommeleeër-Sujet ze traitéieren.  

E Fall vu politescher Musées-Zensur quoi. An eng immens Dommheet, by the way. D‘ Lydie Polfer seet an hierem Internets-Ouvertures-Speech fir d’Ausstellung, déi wier gemat (Zitat) “fir de kritesche Geescht vum Visiteur wirklech erfirzehiewen“ – wat och ëmmer dat genee heescht, irjendeppes mat kriteschem Geescht eben a just deen – um lëtzebuergeschste Sujet iwwerhapt – ass einfach avortéiert ginn.  

An ech froe mech firwat.  

Vorauseilender Gehorsam oder vill méi d‘Box-preventivvoll ier eng Diskussioun ugefaang huet? 

Oder gouf et e coup-téléphone vun ale Frënn?  

Oder Parteifrënn? Huet d‘ DP intervenéiert? Dem bloe Krieps, dem Emil Krieps sei Numm ass am  Bommeleeër – Prozess  dacks genannt ginn als Protecteur vum Ben Geiben, als Créateur vun der brigade mobile. An der bloester vun alle bloe Stied kann dat deene Bloe net gefalen, wann hiere Musée iwwer  eng Bommeleeër-Verschwörungs-Theorie nodenkt. Déi eben och eng konkret Verschwörungs-Praxis war. 

Oder sollt de Koalitiounspartner geschützt ginn, deen aktuellen an der Stadt, dee putativ-zukünftegen, wann et der Lydie Polfer nogeet, am Land? 

Huet d‘ cour grand-ducale intervenéiert? Sinn d’Telefonsdréit tëschent dem Palais an dem Knuedeler iwwerhëtzt? Ech erënnere mech genee un dem Prënz sei rosent Gesiicht, wéi en de Journalisten mat Plainte gedreet huet, fir de Fall datt si sei Numm nach eng Kéier am Kontext  Bommeleeër nenne giffen.

Egal, déi real Grënn fir déi museal Omissioun gi mer ni gewuer. Eng al Gewunnecht an dësem Dossier.  

Sécher ass awer: hei gouf et e Verbuet, e Schweige-Gebot an duerno e non-dit, eng black box, e schwarze Raum mat engem Fragezeechen – zu Heeschdreff beim gesprengte Pylôn steet e Bam mat engem Fragezeechen drun.  

D’Beweis-Stécker aus der Bommeleeër-Serie, déi luchen am Gang an der Gendarmeries-Garage um Verluerekascht. Dun ass enges Dags e Gendarmeries-Décken – net esou stënterlech – op d’Iddi komm, engem Manner-Décken ze soen, hien sollt dat Gemech emol raumen an deen huet Vill-manner-Décken ordonnéiert, dat ze maan. De Stol an alles, wat geschmolz konnt ginn, ass am Minett an den Heichuewen gewandert ginn.  

An där traureger Traditioun – enger Polfer-Verschwörung géngt de kritesche Geescht – steet de Musée vun der Stad. Net ze gleewen.