„Nul n’est prophète dans son pays”.

Dëst franséischt Spréchwuert gëllt ouni Zweiwel fir de weltbekannte Fotograf Edward Steichen, deen eréischt duerch dem Journalist an Auteur Rosch Krieps seng Beméiungen hei am Land zu Éiere koum. Dëst gëllt awer och fir de Michel Gloesener, deen hei zu Lëtzebuerg ganz wéineg bekannt ass, deen et awer an der Belsch zu enger bemierkenswäerter Karriär bruecht huet.

De Michel Gloesener koum den 2. Mäerz 1794, anere Quellen no 1792, zu Uewerkäerjeng am Péiteschhaus op d’Welt. No sengem Studium vu Mathematik a Physik zu Metz, zu Tréier an zu Léck gouf hie Professer fir Astronomie an Analytesch Mechanik op der Universitéit zu Louvain an am Joer 1830 gouf hien ausseruerdentleche Professer op der Uni zu Léck, wou hie Physik, Mathematik, Astronomie, Medezin a Konscht enseignéiert huet. 1846 ass hie schliislech Rekter vun der Universitéit zu Léck ginn.

Seng Meritte louchen awer virum allem am elektomagnéitesche Beräich. De Michel Gloesener huet iwwer zwanzeg wëssenschaftlech Aarbechte publizéiert, déi een alleguer an den Archives Royales zu Bréissel konsultéiere kann. Schenkt een enger Publikatioun vum Lokalhistoriker Jean Milmeister Glawen, dann huet de Michel Gloesener am Joer 1841 mat engem Elektromechaniker un engem elektreschen Apparat gebastelt, deen als Urexemplar vum elektresche Motor gëllt. Och huet de Michel Gloesener e sougenannten télégraphe à lettres erfonnt, deen zënter 1851 op de belschen Eisebunnlinnen agesat gëtt. De Michel Gloesener huet eng Hellewull Auszeechnungen a Medaillen an der Belsch an a Frankräich kritt, mee hei am Land war iwwer hie ganz laang just eng eenzeg Publikatioun an der Nationalbibliothéik ze fannen. Dat huet sech mëttlerweil

geännert, mee a sengem Heemechtsduerf Uewerkäerjeng schéngt de Michel Gloesener d’Lokalpolitiker weider net z’interesséieren. Am Géigesaz zu Léck, wou dee Quai laanscht d’Meuse, wou d’Héichschoul vun der Provënz Léck steet, nom Michel Gloesener benannt gouf, ass an der Gemeng Käerjeng weeder eng Strooss nach e Gedenksteen ze fannen, déi un dee groussen Erfinder erënneren.

Deemnächst diffuséiert nol TV e Portrait vum Michel Gloesener, dee vum Henri Fischbach zesummegestallt gouf.

 

Bildmaterial: „Genealogische Notizen über die Familien Gloesener und Knepper” vum Henri Fischbach