An eiser Nol Emissioun vun haut maache mir e risege Sprong zréck an d‘Vergangenheet wou et ëm e risege Saurier, den „Temno-Donto-Saurus“ geet. Elo goufe Stécker vu genee sou engem risege Saurier am Juni och hei am Land entdeckt. Eng Sensatioun an der Paleontologie! Och haut maache mir e Besuch beim fréiere Procureur vun Dikrech Jean Bour, dee Magistrat deen an engem Buch seng 40 Joer laang Karriär a seng Erfarungen aus ville Prozesser niddergeschriwwen huet. Eriwwer an d‘Natur ,wat do an der Natur vum Mënsch an och vun ëffentlecher Säit gemaach an ugeriicht gëtt. Zum Schluss kënnt erëm eise Sproochenexpert Lex Roth zu Wuert.