An eiser Emissioun vun haut maache mir e klenge Besuch bei eis Matbierger vum Cap Vert a kucke wéi sie sech zu Lëtzebuerg agelieft hunn, wéi se wunnen a schaffen.

Mir hannerfroen awer och ob et stëmmt datt besonnesch d‘kapverdianesch Jongen an der Lëtzebuerger Schoul nach ëmmer massiv a Filièren orientéiert géifen an deenen si keng oder ganz wéineg Qualifikatiounen erreeche géifen.

Da gi mir an d’Buerg vu Fiels luussen an eise Sproochenexpert Lex Roth kënnt natierlech och zu Wuert.