Nol Emissioun 29 Juni

Wunnen zu Lëtzebuerg ass immens deier a vill Bierger kënnen sech keng Wunneng leeschten a sinn obligéiert fir eng Demande beim Office Social ze maachen. Zu Lëtzebuerg ginn et 4.200 esou Sozialwunnengen. Leider gëtt et do awer en Hoke well an dëse Wunnengen Hausdéiere net erlaabt sinn.

An dëser Emissioun huele mer iech och mat an eng spannend Diskussiounsronn zum Thema „Wat ass e Referendum zu Lëtzebuerg wäert?“ – E flotten Debat mat interessante Gäscht.

Den Affekot Gaston Vogel liwwert eis och an dëser Emissioun erëm e gepefferte Kommentar an da gi mer ewéi gewinnt eriwwer bei eise Sproochspezialist Lex Roth.

Zum Schluss gi mer nach e bëssen an d‘Déierwelt luussen.