Vun haut un, an dat all Woch, brénge mer Iech hei op Nol.lu an op NOL TV däreg Sujeten, Reportagen iwwer kriddeleg Geschichten, mir huelen Iech mat a gehäerzte Streit – an – Diskussiounsronnen a loossen och Bierger zu Wuert kommen di eppes Interessantes ze verzielen hunn, di unecken oder sech net verstane fillen.

Och perséinlech Meenungen, Kommentaren a juristesch Rotschléi kommen zu Wuert grad sou wien historesch spannend Momenter a Situatiounen di derwäert sinn opgefrëscht an aktualiséiert ze ginn.

Eigentlech däerft keen Eisen ze waarm si fir net ugepaakt ze gi wann d’Fakten an d’Eckdate stëmmen .

Och de Begrëff „Zäit“ soll keng Brems si wann de Sujet derwäert ass ausféierlech behandelt ze ginn. Dir kënnt eis och kontaktéieren iwwert nol@nol.lu oder eis schreiwen op Nol Media 681 rue de Neudorf wann der Problemer mat ëffentlechen Institutiounen, Verwaltungen, Gemengen oder dem Staat huet.

Nol TV ass ze empfänken op apart TV um Kanal 82 vun der Post TV, am ganze Reseau vun der Eltrona an iwwert d’ « Antenne Collective Ettelbréck asbl »