Queer-Denker  oder Demokrateschen Challenge?

Politesch Verbueter an der Corona-Pandemie ware stänneg mat engem Maximum un ëffentlecher Opmierksamkeet verbonnen. Ze guer national Walen hunn normalerweis net sou vill ëffentlech Interesse generéiert wéi d’ Verbueter an der Pandemie. Dat bedeitend Interesse un de Verbueter kann nëmmen duerch hir Auswierkungen op d’ Fräiheet vun all Mënsch erkläert ginn.  

De Fall Dokter Benoît Ochs – deen am Ament viru Geriicht verhandelt gëtt – weist datt et awer och perséinlech Handlunge gouf. Dësen Dokter muss sech wéinst sengen kontroversen Corona Positiounen virum “Conseil disciplinaire” vum “Collège médical” verantworten. Eng Prozedur déi vergläichbar ass mat engem Prozess. Verschidden Reklamatiounen vu senge Patienten goufen un de “Conseil médical” geleet. Beim Ëmgang mat sengen Patienten, sou gëtt gesot, hätt hien d’ Maske Fuerderung souwéi de medizinischen Ethikkodex net ëmmer respektéiert. 

De 17. Juni 2021 wor den Dokter Ochs um Geriicht. Eng Mass Léit hunn hien an enger Veranstaltung mat Plakaten ënnerstëtzt.  

D’ Veranstaltung fir den Dokter Benoît Ochs ass zwar friddlech verlaf. Manifestatioun wär awer kontrovers, soen Géigner. Et wär eng Ënnerstëtzung mat enger däitlecher Affinitéit zu Verschwörungstheorien, well „een eben un eng méi integral, ëmfaassend Weltsiicht gleewe well“. An do géif de Verdacht bestoen, „dass villäicht dat, wat am Vierdergrond steet eppes ganz anescht ass, dass ganz aner Acteuren am Hannergrond virulent sinn. D’ Motiv vun der Manifestatioun kéint Verschwörungstheoretiker, esoteresch gestëmmte Mënschen, awer och Riets Extremer oder fundamental-chrëschtlech orientéiert Mënschen vereenen. Et wär gutt méiglech dass eenzel Manifestanten en autoritäert Verständnis vu Gesellschaft pfleegen géifen. Souwisou wär et eng Beweegung am duebele Sënn: E Protest dee vun der Roserei an Zweifel geleet ass an zweetens un dem wat d’ Autoritéiten soen. Demonstranten hätten de Fall Dokter Benoît Ochs als Geleeënheet geholl fir deen op d’ Strooss ze bréngen. Den Dokter gouf domat d’ Figur vun engem “Protest”. 

Demonstranten soen dogéint si wéilten den Dokter Benoît Ochs moralesch ënnerstëtzen. De “Ministère de la Santé” hätt keng aner Méiglechkeeten de Virus ze bekämpfen zougelooss. An do hätt den Dokter Ochs gehandelt. Si behaapten weider, als eng kritesch Ëffentlechkeet opzetrieden. Domat wéilten si hire Widdersproch artikuléieren. Gläichzäiteg wär et awer och eng Kritik op dat eidel maachen vun der Demokratie. Déi verschidden Partei – Positiounen kéint ee net méi ausernaner halen. Dat heescht, mat esou enger Manifestatioun wëllen Supporter vum Dokter Ochs gläichzäiteg d’ Spannungsfeld tëscht dem individuellen Bierger an dem abstrakten Staat erkennbar maachen. Sou goufen an der Demo eng Zuel vu Motiver ugeschwat: “Wourecht = Onschëlleg”, ass op engem Schëld vun engem Demonstrant ze liesen. Well si dem Dokter Ochs säin Handelen korrekt fannen gesinn d’ Demonstranten sech selwer als Publikum dat opgeruff gëtt hiren “Held” ze feieren.  

Gewëss kommen do de Géigner dem Bertolt Brecht seng Wieder an d’ Gediechtnes. Zitat: “Unglücklich das Land, das Helden nötig hat”. Aus dem Brecht sengem Gläichnes am Galileo Galilei iwwert Wourecht, Glawen a Moucht. Hie beweist mat sengem Teleskop, dass net d’ Sonn ëm Äerd dréint mee ëmgekéiert d’ Äerd ëm d’ Sonn. Villäicht ass et och esou, dass den Dokter Ochs fälschlech ugeholl huet, seng Iddien géifen d’ Realitéit beherrschen. D’ Wourecht léist sech net ophalen, soen seng Géigner. 

De “Conseil médical” geheit dem Dokter net nëmmen en onverantwortlecht Handelen mee och Rumeuren vir déi hien verbreet hätt. Sou hätt hien behaapt datt et och aner Optiounen tëscht Impfung a Korona Infektioune géife ginn. Fir de “Conseil médical” stellt den Dokter eng Gefor fir de Patient duer. Dofir huet de “Conseil médical” eng Enquête gestart, déi zu der Interventioun vum “Conseil disciplinaire” gefouert huet. Elo geet et och am Fall Dokter Ochs ëm d’ Wourecht an dorëm wat en Dokter zu Lëtzebuerg däerf a wat net. Wat awer méi schlëmm kléngt, ass de Fait, dass mat enger blousser Ännerung vun de Reegelen eng Verännerung bewierkt kéint ginn. Géigner vum Dokter Ochs soen “Et geet nach ëmmer ëm de Mënsch”. An do ass et kloer: Well hien d’ Reegelen net agehal huet riskéiert den Hausdokter de 14. Juli ee Praxis – Verbuet, soen seng Géigner. 

De juristesche Sträit werft Liicht op vill Detailer. De Nol wäert de 14. Juli dorop zeréck kommen an doriwwer berichten.

still 03